2019/2020: Champion Etzella start beim Racing an déi nei Saison

2019/2020: Champion Etzella start beim Racing an déi nei Saison

De Weekend vum 28. an 29. September fänkt déi nei Saison am Basketball un. Um Freideg huet d'FLBB de Spillplang erausginn.

Bei den Häre start de Champion Etzella Ettelbréck beim Racing an déi nei Saison. Donieft kritt et um 1. Spilldag an der Total League nach den T71 Diddeleng mat der Sparta Bartreng ze dinn, d'Musel Pikes hunn Hiefenech op Besuch, d'Arantia Fiels spillt géint d'Amicale Steesel a Contern géint de Basket Esch.

Artikel --> https://www.rtl.lu/sport/news/a/1369287.html