4
Nei hei? Elo umellen! |
 
Sport50
Du bass nach keen Fan vun De Basket zu Lëtzebuerg...
Neiegkeeten

Wie spillt géint wien am Final 4? (rtl.lu)

Link fir d'Audio-Datei --> http://www.rtl.lu/sport/basketball/1025192.html

De leschte Spilldag vum Playoff dengt just nach fir eraus ze fannen, wie géint wien am Final 4 wäert spillen. Den Ament ass dëst nach relativ schwiereg viraus ze soen. Dat eenzegt wat wierklech feststeet, ass datt d'Amicale Steesel bis an d'Finale Heemvirdeel hätt, well d'Equipe de Playoff op der éischter Plaz wäert ofschléissen.
Ob de Géigner Diddeleng, Ettelbréck, oder Musel Pikes heescht, bleift ofzewaarden.
Fir de Ken Diederich gëllt et zanter Wochen d'Form vun der Equipe iergendwéi héich ze halen, sou de Steeseler Coach no der Defaite de leschte Weekend zu Ettelbréck. Am Championnat steet een nämlech souverän op der éischter Plaz an et hat ee keen Drock während de leschte Wochen. Dofir gëtt et elo Zäit, dass de Final 4 ufänkt, fir dass et an de Partien nees ëm eppes geet, sou de Ken Diederich.

Steesel spillt elo géint Diddeleng. Den T71 kéint mat enger Victoire der Amicale och an der Halleffinale aus dem Wee goen. Vir d'Éischt geet et elo awer net drëm Steesel ze evitéieren, mä am Championnat déi 2 respektiv 3 Plaz ze sécheren, sou den Tom Schumacher.

Mat der Etzella ass nees sou richteg ze rechnen. Déi Ettelbrécker dréien den Ament richteg gutt an hunn och mat der Victoire géint Steesel zolidd Confiance getankt, sou de Jairo Delgado.

Déi eenzeg Equipe bei deeër et den Ament virum Final 4 net richteg rullt, sinn d'Musel Pikes. Wann et spilleresch net sou richteg klappt, muss de op mannst kämpfen an dech net zefridde mam Final 4 ginn, sou de Christophe Donnersbach.

De Weekend ass also de leschten Spilldag vum Playoff no deem dann déi zwou Halleffinalle wäerte feststoen.

Geschriwwen vum thesenkim, den 13.04.2017 um 20:18 Auer.




    Registréier dech anhand vun engem sozialen Netzwierk:

    oder erstell en neien Kont hei:
    Benotzernumm 
    Virnumm 
     
    Nonumm 
     
    E-Mail 
    Passwuert 
     
    Passwuert widderhuelen 
     
    Land 
     
    Gebuertsdag 
     
     
      ?
      Jo              Nee 
     
     Ech akzeptéieren Notzungsbedingungen.
    D'Websäit vun ass en Deel vum Sport50 Netzwierk. Daat heescht dass du dech mat dengem Konto op allen Säiten aus dem Netzwierk kanns umellen!
    oder

    Hues du schon e Kont? Logg dech hei an:

    Emfroën
    keng aktiv Emfro

    » Emfroën weisen